Font Size » Large | Small


Résumé

Band 1: Groussbus (vun 1089 bis 2016, 784 Säiten)

Band 2: Dellen, Léier, Hintgeshaff, Jénkenhaff, Mëtscheed (vun 1128 bis 2016, 196 Säiten)

Zesumme sinn dat 980 Säiten Duerfgeschicht. Déi 2 Bänn si chronologesch opgebaut, all Buch huet säin eegene Regëster mat iwwer 2000 Stéchwierder déi ee kann nosichen. D’Bicher sinn a Léngent gebonnen, an déi 2 Bänn stinn zesummen an engem Kartongsschuber.

Konzept an Text: Jemp Schuster.
Nei Fotoen: Jemp Tholl.
Al Fotoen: aus Privatarchiven, zum Deel nach ni publizéiert.

Al Dokumenter vum Mëttelalter bis haut, iwwert d‘Herrschaften, d’Schlass an d’Vogteien, fir nozeliesen an ze studéieren.
D‘Leit beim Schaffen a Feieren, Famillje vu fréier an haut, Duerfliewen a Veräinsliewen, Beruffer, Krich a Fridden, Wuelstand a Misär, Gemeng, Schoul, Kierch, Gendarmerie, Haiser, Stroossen, Bësch a Gewan, asw.

D’Buch (= 2 Bänn) ass op der Gemeng Groussbus ze kréien fir de Präiss vun 100 € (déi 2 Bänn gi nëmmen zesumme verkaaf).

D’Buch muss op der Gemeng ewechgeholl ginn, ët ass leider nët méiglech, et mat der Post ze verschécken.

Digiprove sealCopyright secured by Digiprove © 2018 Jean-Pierre Tholl